dës Sait ass nach am Opbau, hei déi wichtegst Informatiounen
Carol STREFF
Kraiderpädagogin
9, op der Baach
L-8809 Arsdorf
Tel.23 64 93 34
kraider(ät)pt.lu
déi nächst
Kraiderwanderungen vum Sicona (www.sicona.lu)
D'Gemenge Käerjeng a Kéinzig,
D’Emweltkommissioune vu Käerjeng a Kéinzig
an de SICONA-Westen
invitéieren Iech häerzlech op eng
Wëllkraiderexcursioun
e Samschdeg, de 30. Abrëll 2011
Rdv. um 14.30 Auer beim Waasserbaséng op der Strooss tëschent Kéinzig a Käerjeng
(CR 110)
Iwwerall dobaussen an der fräier
Landschaft, op an an de Wisen, um Weerand oder am Bësch, fanne mir eng
spezifesch Vegetatioun déi op hire Standuert ugepasst ass. Vill vun deene
Planzenarten kann een als Wëllkraider an der Kichen oder als Heelplanz notzen.
Mir stellen iech op dëser Exkursioun dës Planze fir. Ënnert der Uleedung vun
enger Kraiderspezialistin, gitt dir villes iwwer d'Verwennung vu Wëllkraider
gewuer a kritt och di entspriechend Rezepter. Den
Tour dauert ongeféier 2 Stonnen.
D'Gemenge Mamer a Garnech,
d’Emweltkommissioune vu Mamer a Garnech
an de SICONA Ouest
invitéieren Iech häerzlech op hieren Atelier mam Thema
Kache mat Wëllkraider
e Samschdeg, de 7. Mee 2011
Rdv. 14 00 Auer beim Vereinshaus, 6, rue des Sacrifiés zu Garnech.
Kraider verfäineren eist
Iessen a si fir vill Leit an der alldeeglecher Kichen net ewechzedenken. Mee wie
weess schonn, dass dobaussen an der Natur och vill Wëllkräider wuesse
matt deenen ee ka gudd Saache kachen.
Mir invitéieren Iech op e Spazéiergang an der Natur, wou mir, ënnert der
Leedung vu Kraiderspezialisten, Wëllkraider siche ginn. Domat kache mir eis
dann all zesummen e gudd Owesiessen. Eis Rezepter verrode mer Iech selbstverständlech
och.
Fir mat ze kache mellt Iech
w.e.g. un um Tel. 26 30 36 25 bis den 3. Mee. D’Zuel vun de Participanten as
op 20 limitéiert. Et kascht 15€ fir Erwuessener a 7,5 € fir Kanner, de
Betrag kënnt dir op der Plaz bezuelen.
an Zesummenaarbecht mat dem
SNJ:
Naturformatioun: Wildpflanzenküche
Date : 01-10-2011 14:00
Localité : Centre SNJ
Hollenfels
Burg Hollenfels /
Luxembourg
Catégorie(s) : Formation
Anmeldung erforderlich bei SNJ
und Streff Carol - kraider(ät)pt.lu
am Hierscht:
18.
09. Wildkräuterexkursion in Beckerich und Saeul
(Sicona)